News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   



AvEx

Wie mir sin?

AvEx as d'Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sin Jugendlecher , Meedecher an Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten gin et zur Zäit 55 AvEx-Truppen verdeelt duerch d'ganz Land, mat 899 Jugendlechen an 249 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et gin awer och nach eenzel Aventuren- a Explorertruppen.

Wat mir maachen!

AvEx treffen sech regelmeisseg, 1 mol an der Woch fier eng Versammlung ze maachen. AvEx maachen Expeditiounen dei iwwer mei Versammlungen daueren, ewei z.Bsp. mam Thema : Natur, Ritter, Fuesend,... AvEx maachen och normalerweis all Trimester ee Weekend an engem Chalet, meechtens als Oofschloss vun enger Expeditioun. AvEx schleissen hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem groussen Camp, wou se dann an Zelter schlofen.

 
Methode
 
Och bei den Avex gett no enger Linn an mat enger Zilsetzung geschafft, vue dass dest bei den Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer, bei den LGS "AvEx" genannt, besonnesch wichteg ass.Hei gett den Jugendlechen geprägt waat seng spéider Weiderentwecklung unbelangt. Hien léiert ze proposéieren, ze décidéieren, sech s'organiséieren, sech anzesetzen, ze respektéieren, sech s'engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren. Déi Idelaer, welch him an deser Alterstuf ungebueden gin, sollen net onbedengt Regelen duerstellen, no welchen hien liewen muss, mee eischter als Orientéierungshelef geduecht, no welchen hien sech moossen kann.Dest ass eng vun den groussen Neierungen dei op den Jugendlechen am Avex Alter duer kënnt. Den Avex kann an soll matdécidéieren waat an senger Branche gemeet gett, dest op eng demokratesch Art an Weis.
 
Déi egen Idee, déi eegen Meenung
 
Den Avex gett geléiert an engem klengen Grupp Verantwortung ze iwerhuehlen an ze droen. Hien soll léieren waat et heescht an esou engem Grupp ze agéieren, zum Beschten vun all Member vun desem Grupp. Dofir gett et bei den Avex den Patrullensystem, wou 5-7 Avex zesummenschaffen, léieren, Freed hun.Et ass den Avex an seng Patrull déi Themen vun den Versammlungen festleen an e puer Wochen mat deser Thematik hantéieren. Bei esou enger Expeditioun léiert den Jugendlechen nei Techniken, sech mat spezifeschen Thematiken ausernaanerzesetzen, an sech fir eppes ze engagéieren, waat villeicht nei fir hien ass. Zum Schluss vun esou enger Expeditioun gin Bilans gemeet, wou een kann gesinn waat gudd, respektiv manner gudd waar an esou seng perséinlech an awer och allgemeng Konklusiounen zéihen kann. Den Avex soll nämlech léieren andeems hien eppes selwer probéiert (Learning by doing).Den Avex soll léieren dass sein Handelen net ouni Konsequenzen geschitt. Des kënnen positiver an awer och natirlech negativer Natur sin. Esou gett probéiert dem Avex Werter vermettelt ze gin, welch spiritueller, sozialer, ökologescher an ökonomescher Natur sin. Hien soll léieren dass et niewt him och eng helle Wull vun aanere Leit gin an dass et am Senn vum Guidissem/Scoutissem ass, dass all zesummen an Harmonie sollen funktionnéieren.
 

Während sengen 3 Joer bei den Avex gett den Jugendlechen dozou motivéiert sech ëmmer erem ennert Beweis ze stellen. Dest kann hien maachen durch verschidden Ofzeechen, welch hien sech kann verdingen (Badger). Mee och seng perséinlech Entwecklung gett net vernoléissegt an esou kann den Avex sech um Enn vun sengen 3 Joer als Avex, dozou beruff fillen sein Verspriechen op Guiden/Scoutsgesetzer ofzeleen, an soumadder seng Fähegkeeten an Kenntnisser och weiderhin dem Guidissem/Scoutissem ze widmen.Den Avex soll léieren dass den Chef/Cheftaine een Kolleg ass, an gleicherzeit erkennen dass desen als Virbildfunktioun agéieren kann. Dest verlangt oft vum Chef/Cheftaine een gewessend Fangerspetzengefill, mat engem gewessen KnowHow an der Jugendpsychologie, well hien sech jo an deen Jugendlechen eranversetzen soll.

Text: Lëtzebuerger Guiden a Scouten


 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved