CaraPio as d'Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit 60 CaraPio-Truppen, mat 637 Jugendlechen an 198 Cheftainen a Chef.
An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et gin awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.
Wat mir maachen !
D'CaraPio treffe sech eemol d'Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d'Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d'Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joër gin dann en ettlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as:
Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
Knäppe vun internationale Frëndschaften, Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen
Grenzen iwwerwannen: "Fuer duer" as de Sproch vun de CaraPio: organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.