News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   



Montéesweekend bei den AvEx Oktober 2008

Freideg, 3. Oktober 2008

D'Avex haten um 19.30 Auer Rendezvous zu Eschduerf am Home. Wéi du jiddereen do wor hate mer eng kleng Veillée, wou d'Frédérique, d'Tessy, den Alexander, den Jo an den Jo hiert Verspriechen gemaach hunn.

Duerno, et wor géint 21.30, si mer dunn eraus gaangen. Mir sinn den Wee bis op "d'Déck Lay" gaangen, an iwwert een aneren Wee zeréck op Eschduerf. Ee schéinen Tour frown. Well e puer Leit awer näischt giess haten éier se op den Weekend komm sinn, hu mer dunn (et wor bal Hallefnuecht surprise) Spaghetti gekacht, et wor soss näischt do, mä et wor lecker. Kuerz virun 1 si mer du schlofe gaangen, an um 2 wor et dunn och roueg.

Samschdeg, 4. Oktober 2008

Um 8.00 si mer opgestanen, mir hunn eis sou vill wéi néideg gewäsch smiley an hu Kaffi gedronk. Wéi dunn alles gebotzt an geraumt wor, hu mer eis Rucksäck geholl an hunn eis op den Wee a Richtung Bilschdrëf gemaach. Géint halwer 10 ass et du fort gaangen, iwwert d'Hierheck, duerch den Dall op Kéiber. Du weider iwwert den Millepad op Heeschpelt. Vun do aus Richtung Loreshaff, weider laanscht den Ueschtrëferbësch op Ueschdref. An vun do aus wor et nëmmen nach ee Kaatzesprong bis op Bilschdrëf an de Chalet.

No bësschen méi wéi 4 Stonnen hate mer di 13 Kilometer dann och hannert ons bruecht. Mir hunn eis du ganz féx ageriicht, an dann si mer rof bei den Séi kucke gaang, wou a wéi mer d'Montée kéinten maachen. Eist schwéiert Seel an och eis Këscht mat den klenge Seeler hu mer mat erof geschleeft. Direkt beim Waasser hu mer dann och eng wonnerschéin Plaatz fonnt fir eng Aafebréck iwwert Waasser ze bauen, an dat hu mer dunn och gemaach. Jiddereen ass dunn och eng Kéier (ongeséchert) driwwergaangen fir se ze probéieren. Et ass awer keen an d'Waasser gefall. broken heart Dunn hu mer nach ee Feier ugemaach, wat net sou evident wor, well alles naass wor vum Reen. De Jo an den Jo hunn op d'Feier opgepasst, während deem mir eist Material rëm rop op Bilschdrëf gedroen hunn. Do uewen hu mir eis Gamellen geholl an eis warem ugedo fir den Owend. Mat de Wëllef an den CaraPio zesummen si mir du rëm rof bei den Séi gaangen. Do gouf et du lecker Ierbessebulli, an wéi mer dunn den Mo voll haten an och eis Gamellen gespullt woren, si mer op d'Plaatz vun der Montée gaangen. D'Manon, d'Julie, d'Robyne, den Benoît an den Niels hunn do hier Montée gemaach. Ofgeséchert mat engem Bodrier sinn si dunn iwwert d'Aafebréck gaang an hunn dat och ouni Schwieregkeet gepackt. D'Wëllefcher hu sech dunn op den Wee an de Chalet gemaach, an mir si bei d'Lagerfeier gaangen. Do hu mir nach bësschen mateneen geschwat an e puer komesch Spiller gemaach. Mee well d'Feier net gutt gebrannt huet, alles naass wor an et puer Leit och kal wor, si mir du kuerz drop och zeréck op Bilschdrëf gaangen. Do kruten déi nei AvEx hier Foulard'en iwwerreecht, an du si mer schlofe gaang.

Sonndeg, 5. Oktober 2008

8 Auer opstoen, wäschen, Frühsport mam Wontola an da réischt Kaffi... Duerno AvEx-Versammlung, wou mer puer Lidder ageprouft hunn. Den Christophe huet deenen neien AvEx bësschen erzielt wéi et bei den AvEx leeft an mir hu probéiert een Thema fir eng Aventure/Expeditioun ze fannen. Du nach ganz kuerz raus an den Reen Steng oprafen. laugh

Um 11 Auer si mer rop an den groussen Dortoir gaangen, fir een "besënnleche Moment". Ugefong hu mer mam Lidd "Flinke Hände, Flinke Füsse". Den JoMo huet eis dunn ee Gebiet virgedroen wat vum Tessy, Frédérique an vum Julie geschriwwen gouf. Dat nächst Lidd wor dann "Laudato si". Dunn huet d'Chouette eis eng Flott Meditatioun iwwert een Steen virgelies. Dofir waren mir och virdrun Steng oprafen. angel Dunn hu mer nach ee neit Lidd "Wir wollen aufstehn, aufeinander zugehn" gesongen.

D'Carapio haten an der Tëschenzäit gekacht. Well et gereent huet wéi aus Eemeren hu mer dunn dobanne giess, an et gouf Gromeperegratin mat Mettwurschten an Thüringer Lëtzebuerger Grillwurschten aus der Pan. Nom Iessen hate mer endlech eng Stonn Fräizäit, wou mer dann am Dortoir houngen. Um 14 Auer si mer dann op d'Camplaatz gaangen fir Stratego ze spillen. Mee well et nach ëmmer sou vill gereent huet, war no 2 Ronnen d'Motivatioun fort. Am Chalet hu mir eis dann nach bësschen ameséiert mat Lidder sangen an Kaarten spillen, bis eis Elteren eis du siche komm sinn.


 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved