News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   



Biber

D'Biber daat ass d'Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten, a riicht sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoër.

An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d'Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d'Natur méi no bréngen. D'Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d'Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D'Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt ginn, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen datt mir all zu enger grousser Famill gehéieren, datt mir all d'selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. Wéi d'Biber an der Natur, léieren d'Kanner hiert Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d'Schéinheete vun der Natur ouni awer d'Geforen ze ignoréieren.

D'Haaptelementer fir de Kanner d'Bibermethod méi no ze bréngen sinn d'Bibergeschicht, d'Kniwwel an d'Spill. Mat enger klenger Geschicht ginn d'Kanner an d'Thema agefouert. Duerch d'Kniwwel sollen d'Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen. Et geet net drëm, dass d'Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fäegkeeten ausprobéiere kënnen. Duerch d'Spill kënnen d'Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

D'Biber treffe sech regelméisseg fir hir Biberversammlungen. Donieft maache si Sortien, e Week-end vun enger Nuecht an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp mat 3 Nuechten.


 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved