News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 

6. Generversammlung, den 29. Juni 2009

De President Marco Schank huet di 6. Generalversammlung vun der ASBL Lëtzebuerger Guiden a Scoute St Pirmin vum Séi géingt 20.45 opgemaach an di +- 15 Leit di komme ware begréisst. D'Sekretärin Edmée Schank huet de Rapport gemaach vun den Aktivitéite vum lescht Joer an de Programm fir 2009-2010 virgestallt.

De Keessier Dennis Nash huet de Bilan vun der Keess gemaach a festgestallt dass d'Finanzen am Moment gesond sinn. D'Tania Wealer huet der Generalversammlung bestätegt dass mat de Bicher alles klappt. Den 2. Keessereviseur Carlo Müller hat sech fir d'Versammlung entschëllegt.

De Gruppechef Olivier Ludovicy huet e kuerze Réckbléck op d'Aktivitéite vum Grupp am leschte Joer gemaach. De Jean Stephany huet erkläert wat nach alles punkto Bau vum Chalet virgesinn ass. Duerno huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Ningsen, de Pir Bormann, dem Grupp Merci gesot fir d'Aarbecht am Déngscht vun der Jugend an de Guiden a Scoute vum Séi nach vill Succès fir d'Zukunft gewënscht. Och de Rob Everling, Scheffe vun der Gemeng Heischent huet de Grupp fir séin Engagement félicitéiert an de Scouten d'Ënnerstëtzung vun der Gemeng fir d'Zukunft zougesot. Zum Ofschloss hunn d'Guiden a Scouten e Patt zerwéiert.



5. Generalversammlung, den 25. Juni 2008

De Marco Schank huet di +- 25 Leit di an der Versammlung ware begréisst. Hien huet all de Leit déi de Scoutsgrupp während deene leschte Joeren ënnerstëtzt hunn Merci gesot an huet och de Gemenge Merci gesot fir di finanziell Hëllefen. De Marco Schank huet awer och en Appel gemaach fir nei Leit a nei Ideeën an de Comité vun der ASBL ze kréien.

Am Rapport d'Activités ass d'Edmée Schank op d'Aweiung vun eisem Chalet am leschte Joer agaangen an op den 100. Anniversaire vum Scoutismus am Joer 2007. Den Dennis Nash huet de Bilan vun der Keess gemaach, di 2 Reviseuren, Tania Wealer a Carlo Müller, hunn d'Keess approuvéiert a versprach si géingen di Aarbecht nach e Joer maachen. D'Käschten an d'Einnahme sinn esou wéi et geplangt war.

De Programm vun der ASBL fir 2008-2009 ass zimlech ähnlech wéi di lescht Joere, dobäi kennt dass d'ASBL um Nuetsmaart zu Esch/Sauer e Stand iwwerhellt. D'Simone Braas, d'Monique Logtenberg, d'Malou Mathay an d'Francine Fournelle hunn sech bereet erklärt fir aktiv am Comité vun der ASBL matzeschaffen!



4. Generalversammlung, den 14. Juni 2007

Eise Präsident, de Marco Schank huet di 17 Leit di an d'Versammlung komme sinn an de Comité begréisst. Hien huet dem Comité an all de Leit déi sech um Bau vum Chalet bedeelegt hun villmols merci gesot. D'Edmée Schank ass op d'Aktivitéite vum leschte Joer agaang an huet de Programm fir 2007 virgestallt.

Den Dennis Nash huet e katastrophale Keessebilan duergestallt: vun +200000EUR am Joer 2005 ass d'Keess op -11000 Eur am Joer 2006 gang. Ursaach dofir ass, dass di meescht Rechnunge vum Chalet am Joer 2006 bezuelt gi sinn. An deenen nächste Joeren wärt de Budget dann nees am Equiliber sinn. D'Tania Wealer an de Carlo Müller haten d'Keess nogekuckt an eng impeccabel Comptabilitéit festgestallt. De Jang Stephany huet erklärt wat nach am Chalet ze maachen ass.

D' Diane Bormann an den Dennis Nash hunn, esou wéi d'Statuten et virgesinn, hir Démissioun am Komitee vun der Asbl ginn. D'Generalversammlung huet si zwee nach eng Kéier an de Komitee gewielt fir eng Dauer vu 4 Joer. Am Numm vum Gemengen- a Schëfferot vun der Gemeng Ningsen an der Gemeng Heischent huet de Charel Brack dem Comité merci gesot fir hirt Engagement. Hien huet och de Cheftainen a Chefs villmols merci gesot fir hir bénévol Arbécht mat de Kanner a Jugendlechen aus der Géigend.


 1 2 3 4 5 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved