News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

Adventsvéillée 15.12.2012



Wisefest 2012



Wellefrallye 2012

 En ganz décke Merci jidderengem dee

matgehollef hat!

Hei sinn d' Fotoë vum

Wëllefchersrallye 2012 zu Lëlz

an den Artikel an der Zeitung.

merci Nico,

merci Luss!

 

D’Geheimnis aus dem Stau

Fir de Wëllefrallye 2012 goufen d’Wëllef aus dem ganze Land opgeruff fir d’Geheimnis aus dem Stau ze léisen. D’Awunner aus der Ëmgéigend vum Stau bekloen sech an der Geschicht iwwer Kaméidi a Gestank. Et gëtt iwwer di ënnerschiddlechst Theorien spekuléiert. Et läit lo an den Hänn vun deenen 550 Kanner a Chefs déi den 20. Mee op Lëlz (Lultzhausen) kommen erauszefannen wéi eng da lo déi richteg kéint sinn a wat ee maache kéint fir d’Situatioun ze änneren. (E Video mat der Geschicht vum Rallye fannt fir op http://vimeo.com/39999109 mam Passwuert StauTeeFau)

28 Scoutsgruppe sinn ugemellt mat 529 Wëllef a Chef, si sinn opgedeelt an 35 Rallyesgruppen. Et ginn 2 Weeër déi an zwou Richtungen gaange ginn. Den Depart ass zu Lëlz bei der Sportshal. Et sinn am Ganzen circa 8km mat 9 Spiller. Ee vun den Highlighte vum Rallye ass eng Fahrt um Solarboot, wat den Naturpark Uewersauer erméiglecht.

An de Spiller kënnen d'Kanner hiert Wëssen, hir Sportlechkeet, hir Geschécklechkeet an hir Zesummenaarbecht am Grupp ënner Beweis stellen. Sou sollen d'Kanner an engem Parcours sou vill wéi méiglech Stécker vun engem Puzzle sammelen an en dann zesummenzebauen. Bei engem anere Spill muss ee Kand sech op de ganze Grupp verloosse kënnen, wëll et iwwer ee Seel balancéiert wat op där enger Säit un engem Bam ugestréckt ass an déi aner Säit vun de Kanner aus dem Grupp ugehal gëtt. Ënnerwee kréien d'Wëllef och Quizer déi si léise sollen.

Daagesoflaaf

9:00 – 10:30 Accueil an Depart vun de Gruppen op de Rallye

Bis 16:00 Rallye (mat enger klenger Mëttespaus zwëschenduerch)

16:30 Ofschlossanimatioun mat Éierung vun de Gewënner

17:30 D'Gruppen fuere Heem


 


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved