News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 

3. Generalversammlung, den 29. Juni 2006

Et woren eng Doze Leit op der 3. Generalversammlung vun der Asbl. E puer vun den Elteren vun eise Guiden a Scouten an d'Membere vum Gemengen- a Schëfferot vun der Gemeng Heischent ware präsent. D'Diane Bormann huet d'Leit wëllkomm geheescht op der éischter Generalversammlung am neie Chalet. D'Edmée Schank-Bisdorff huet den Aktivitéitsrapport vum Joer 2005 gemaach, duerno huet den Dennis Nash de Rapport vun der Kees gemaach. D'Tania Wealer an de Carlo Müller hun an hirer Fonktioun als Keesereviseure hiren ok ginn fir dem Dennis séng Comptablilitéit. Si hun sech och Bereed erklärt fir d'Keess d'nächst Joer nach eng Kéier ze kontrolléieren.

De Jang Stephany an den Olivier Ludovicy haten, esou wéi d'Statuten et virgesinn, hir Démissioun am Komitee vun der Asbl ginn. D'Generalversammlung huet si zwee nach eng Kéier an de Komitee gewielt fir eng Dauer vu 4 Joer.

Am Numm vum Gemengen- a Schëfferot vun der Gemeng Heischent huet de Rob Everling de Guiden a Scouten félicitéiert fir di flott Arbecht déi si fir di Jonk maachen an der Asbl fir di Efforten di geleescht gi sinn fir de Chalet opzeriichten.



2. Generalversammlung, den 8. Juni 2005

De Président Marco Schank huet déi 2. Generalversammlung vun der ASBL Guiden a Scoute St Pirmin vum Séi géingt 20.45 Auer ugefaang am Porhaus zu Eschduerf an di 20 Leit di komme ware begréisst. A senger Aleedung huet de Président all deene Leit Merci gesot déi de Bau vum Chalet mat engem Don ennerstëtzt hun. Dobei ass di enorm Somme vun 37000 EUR nëmmen u privaten Doën erakomm. D'Gemeng Heischent huet de Guiden a Scoute 50000 EUR ginn an d'Gemeng Ningsen nach eng Kéier 10000 EUR.

Duerno huet de Marco de Cheftainen a Chefs villmols merci gesot fir hire groussen Asaz iwert d'ganz Joer an de Versammlunge, Weekender a Campen. D'Edmée Schank-Bisdorff huet den Aktivitéitsrapport vun der ASBL vum Joer 2005 gemaach: d'Ouschteréer am Abrëll, d' 1. Meecourse, d'Wëschaktioun am August, d'Wisefest am September mam 1. Spatenstich fir de neie Chalet, d'Adventskränz an de Chrëschtbazar am Dezember.

Den Trésorier Dennis Nash huet séng Comptabilitéit mat Humor duergestallt an erklärt hie wir ganz zefridde, Keessier vun esou engem reiche Club ze sinn... bei der nächster Generalversammlung wäre mer awer neess net besser drun wéi all di anner Klibb. D'Keessereviseure, d'Stéphanie Kasel an de Carlo Müller hun der Generalversammlung verséchert dat bei de Bicher alles klappt. Fir di nächste Kéier hu sech d'Tania Wealer-Roeser an de Carlo Müller bereed erklärt fir d'Keess nozekuken.

De Marco Piccini huet aus perséinleche Grënn aus dem Comité vun der ASBL démissionnéiert, de Président huet him villmols merci fir seng Arbecht a séng Hëllef gesot. Nei an de Comité ass de Pit Friedl gewielt ginn. Seit enger Zeit huet de Pit schons vill bei de Guiden a Scoute gehollef an et ass gudd dass hien elo offiziell am Komitee ass. De Jang Stephany huet di technesch Détailer zum Chalet als Passivhaus ginn. A séngen Erklärungen huet ee gemierkt wéivill Zeit de Komitee a virun allem de Jang selwer bis elo schons mat desem Projet vebruecht huet.

Zum Ofschloss gouf et e Patt ze drénken, ... an di nächst Versammlung wärd dann am Chalet sinn!



Chèqueiwwereechung Lions

De Lionsclub Grand-Duché-Ardennes huet eis en Don iwwer 6000 EUR gemaach. De Marco Schank, de Marco Wehles, den Dennis Nash an den Olivier Ludovicy woren de 24.11.2004 op Wolz an den Hôtel Vieux Château fir de Chèque iwwerreecht ze kréien. Mir hun dobäi de Guidismus a Scoutismus am generelle präsentéiert an eise Grupp virgestallt.

E ganz grousse Merci un de Lionsclub fir desen extra décken Don!


 1 2 3 4 5 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved