News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 

Anno 2003

01-03/02/2003 WE Avex Befort

D’Avex hun e Fuesweekend « Lost in Mullerthal » zu Befort. Um Programm steet : ennert anerem Schlittschong fueren, Nuetsmarsch an e Rallye. De WE wor flott mé et d’Wieder wor dégueulasse.

04/02/2003 Versammlung fir de Chalet

De Marco Wehles, den David Baum an den Olivier Ludovicy treffe sech zu Eschduerf op der Gemeng mam Buergermeeschter Marco Schank a mam Architekt Pierre Baumann fir iwwer de neie Scoutschalet ze schwetzen. Mir soen wat mer gären hätten a wat mer brauchen. De Budget fir de Chalet ass op 375000 EUR festgeluegt.

15-16/03/2003 CaraPio Hike

D’CaraPio organiséieren zesummen mat der FNEL vu Colmar-Bierg en Hike vu Bauschelt op Ensber (Nuecht) an op Eschduerf.

09-10/04/2003 Chefdropping

E puer vun eise Chefs loosse sech mam Auto +- 50 km ewech féieren an dann aussetzen. Si mussen innerhalb vun 24 Stonnen nees zereck zu Eschduerf sinn.

12/4/2003 Grouss Botz

Mir hellefen zu +- 20 bei der grousser Botz vun der Gemeng Heischent.

26-27/04/2003 WE Wellef Cinqfontaines

D’Wellef maachen e WE zesummen mat der FNEL zu Cinqfontaines. 7 Wellef vum Séi a 4 vun der FNEL gi matt. Trotzdem oder grad well net vill Kanner derbei sin gett de WE ganz flott.

28/4/2003 Grennungsversammlung vun der Asbl Lëtzebuerger Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi

All d’Frenn vum Grupp sin invitéiert fir an d’Grennungsversammlung ze kommen, 21 Leit si schlussendlech derbäi. Den Olivier Ludovicy mecht e Reckbleck op d’Aktivitéiten vum Grupp St Pirmin vum Séi aus deene leschten anner halwen Joeren. Dono stellt Maggy Lang d’Statuten vun der neier Asbl vir. D’Statuten gin diskutéiert an déi Saachen déi néideg sinn, ginn emgeännert. Dono gett de Komitee vun der Asbl eestemmeg vun de Membres fondateurs gewielt.

Den 1. Komitee setzt sech zesummen aus:

  • Président: SCHANK Marco
  • Vice-présidents: BORMANN-KLER Diane, STEPHANY Jean
  • Secrétaires: SCHANK-BISDORFF Edmée, DEMUTH Lucienne
  • Trésorier: LANG-HAAS Maggy
  • Membre: HEYMES-KOHL Marianne
  • Membre: LUDOVICY Olivier
  • Membre : PICCINI Marco
  • Membre : WEALER-GRETHEN Francine
  • Membre : WEHLES Marco

 

23-28/5/2003 Paischtcamp Avex Kounenhaff

Den Avex hiire Paischtcamp ass um Kounenhaff bei Obereisenbach. Sonndes owes sinn d’Elteren op de Camp invitéiert fir un der Mass deelzehuelen. Een Dag gett vun de CaraPio organiséiert.

26/5-28/5/2003 WE Wellef zu Ensber

D’Martine Stephany,d’Sara Haas, d’Jenny Schank, an d’Nicole Deltgen mat enger Dozen Wellef haalen e PaischtWE zu Ënsber. Si maachen ennert annerem eng Photogeschicht. Owes ass beim Lagerfeier d’Verspriechen.

9/6/2003 Pirminspressioun

Mir bedeelegen eis un der Pirminspressioun zu Kauneref déi wéinst dem 1250. Doudesdag vum hellegen Pirmin méi grouss ewéi normal opgezu gett. D’Guiden a Scouten sin zu +- 20 vertrueden.

16/7-28/7/2003 Camp CaraPio Slovenien

D’CaraPio gin op en internationale Camp zu Bohinj a Slowenien. De Camp ass vun de Letzebuerger Guiden a Scouten mat de slovenesche Scouten zesummen organiséiert.

29/7-1/8/2003 Wellefcamp (Medernach)

D’Wellef hun hire Summercamp zu Medernach. De Camp ass ganz flott, mé et si just 7 Wellef déi matginn.

6/8-21/8/2003 Niger

D’Sara Haas an d’Martine Stephany huelen un engem Camp de développement am Cader vun der Odyssée 2003 vun der Route am Niger deel.

Adventsaktioune

D’Asbl zesumme mam Grupp bastelen Adventskränz fir ze verkafen. Si maachen och Arrangementer a Kichelecher a sinn de 5/12 zu Heischent um Chreschtmaart, de 6. a 7/12 zu Heischent op engem Chreschtbazar vum Spuerverein Fuussekaul an den 13/12 zu Ënsber um Chreschtbazar vun der Amiperas. Am ganze ginn et 2500 € fir de neie Chalet.

22/12/2003 Chrëschtvéillée 2003 Eschduerf

All Kanner an hir Eltere waren fir Samsdes den 20. Dezember invitéiert op eis Chrëschtvéillée zu Eschduerf am Festsall vun der Gemeng. Et ass ugang mat enger reliéiser Feier, organiséiert vum Stéphanie Kasel, dono sinn d’Diaë vum leschte Joer gekuckt ginn, de Film vum Niger a de Film Tuttebatti ass gewise ginn. Dunn gouf et e Bréidchen mat Sauerkraut an engem Wirschtchen. 70 Leit woren op eis Chrëschtvéillée kommen.

24/12/2003 Friddensliicht

Eise Grupp war op den Cents op d’Friddensliichtfeier vun den LGS.



Anno 2002

8/2/2002-10/2/2002 WE AVEX

D’AVEX organiséieren en Hike vun Eschduerf iwwer Ensber (1. Nuecht) bis op Wolz. D’Wieder as katastrophal mé d’Ambiance as gudd.

23/3/2002-24/3/2002 WE Wellef

D’Wellef hun e WE zu Wolz. D’Stemmung as tip-top.

13/04/2002 Grouss Botz

Méi ewéi 30 Wellef an Avex maachen mat op der grousser Botz vun der Gemeng Heischent a botzen de Wasserwee ronderem Eschduerf an d’Spillplaaz.

17/05/2002-20/05/2002 AVEX Camp op der Todlermillen

9 AVEX an 3 Chefs maachen hiren 1. Camp an Zelter a Kichen um Feier op der Todlermillen vum 17. bis den 20. Mee 2002. D’Ambiance ass super an et ass eng tip-top Equipe.

14/7-20/7/2002 Kiischpelt Immatempa

Nationale Wellefcamp mat 670 Wellef an 190 Chef. Vum Séi sinn 20 Wellef a 4 Chef/tainen (Sara, Martine S., Martine W., Alain) mat derbai.

17/7-27/7/2002 Eschduerf Jambalaya

Nationale Avexcamp mat 542 Avex an 169 Chef. Vum Séi sinn 10 Avex an 2 Chefs (Bas, David) derbai.

21/9/2002 (Chefdag)Déifferdeng

D’Sara Haas, den Bas Breedijk, den Alain Martin an den Olivier Ludovicy gin fir eise Grupp op de Chefdag 2002.

28/9-29/9/2002 Eschduerf

De Grupp organiséiert sein 1. Wisefest. Samsdes mettes ginn Atelieren fir d’Kanner ugebueden. Owes ass d’Guiden/Scoutsmass an dono eng Show mat Prominenten. Sonndes gett e Wisefestmenü zervéiert, duerno ass e grousse Rallye fir d’Kanner mat Hexen, Feen an engem Gnom.

5/10/2002 (Montée) Ettelbreck

4 vun eisen AVEX maachen hir Montée an d’CaraPio zesummen mat den Ettelbrecker AVEX. Eng nei Branche an eisem Grupp gett gebuer: d’CaraPio. Eis éischt CaraPio sin: d’ Jenny Schank, d’Lisy Nickts, den Olivier Mabille an den Tom Demuth. De Bas Breedijk an den Alain Martin sin CaraPio Chefs.

22/12/2002 (Chreschtvéillée) Eschduerf

All eis Guiden a Scouten mat hirer Famill sin invitéiert fir den 22. Dezember un eiser Chreschtvéillée deelzehuelen. Am ganze si mir zu ±100 Leit. D’Sephanie Kasel huet eng reliéis Virbereedung op Chreschtdaag organiséiert wou et em eng Schatzkescht wou en Härz dran ass geet. Dono ass eng Diashow (Powerpointpräsentatioun) vun de Guiden/Scoutsaktivitéiten 2001-2002 gewise ginn. Zum Schluss gouf et e Bréidchen mat engem Wirschtchen ze iessen an eppes ze drenken. D’Kanner, hir Elteren an d’Chefs konnten zesummen e Patt drenken an mat eneen schwetzen. D’Chreschtvéillée wor e ganz gemütlechen an agréabelen Owend.

vum Sim



Anno 2001

Juni 2001

De Numm vum neie Grupp gett: Grupp St Pirmin vum Séi, de Grupp gett offiziell am Verband vun den LGS opgeholl.

7+8/07/2001 (Bilsdorf)

FormatiounsWE zu Bilsdreff organiséiert vum Verband, Weisen vun Scoutstechniquen, Veillée beim Lagerfeier, Schloofen an Zelter, Erklärungen vum Oflaaf vun Versammlungen a WE bei den Wellef an AVEX. Et sin 11 Leit vum Grupp vum Séi derbei, owes kennt nach den Aumonier a 3 Leit aus der Amicale fir d’Veillée. (Béa Dondlinger, Martine Stephany, Martine Walisch, Sara Haas, Mim Weintzen, David Baum, Bernard Peschon, Pol Demuth, Jeannot Demuth, Bas Breedijk, Olivier Ludovicy, Marco Wehles, Edmée Schank, Brigitte Kemp, Fränz Wealer). De Bilan ass ganz positiv: déi 11 engagéieren sech fir eng Chefformatioun matzemaachen.

8+9/09/2001 (Hike Eschdorf-Lultzhausen)

1. ChefWE ennert Form vun engem Hike vun Eschduerf op Leltz mat verschiddene Spiller a Atelieren mat Scoutstechniken ennerwee. Owes war eng spirituell Veilée organiséiert vum Renée Schmit vu Wolz zum Thema Pirmin, dono éischt Préparatiounen fir de SchnupperWE.

23/09/2001 (Chefdag Cents)

Um Chefdag si mir am Plenum als neie Grupp virgestallt gin. D’Martine Walisch wor mat fir d’WELLEF, den David Baum an de Bas Breedijk fir d’AVEX an den Olivier Ludovicy als Gruppechef.

29+30/09/2001 (SchnupperWE zu Eschduerf)

D’Kanner aus der Géigend an hir Elteren sin invitéiert op e SchnupperWE fir d’Guiden a Scouten kennenzeléieren.

26-29/10/2001 (Formatioun)

D’Sara, d’Béa, d’Martine S. an d’Martine W. sin den 26. bis den 28. Oktober 2001 op engem FormatiounsWE vun de Wellef zu Mamer. Den David an de Bas sin vum 26. bis den 29. Oktober op engem FormatiounsWE vun den AVEX zu Clairefontaine.

vum Sim


 1 2 3 4 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved