Vum 26/04 bis den 29/04 war e Grupp vu moldawesche Scouten bei eis op Besuch zu Lëtzebuerg. Si hunn déi Zäit zu Eschduerf bei eisem Chalet campéiert. Et war de Lions vun Wolz deen d'Idee hat fir d'Moldawier ze invitéieren an des Rees och bezuelt huet.
Zesumme mat de Moldawesche Scouten, dem Grupp vum Séi an dem Lions Club Grand-Duché Ardennes war Mettwochs, de 27/04 eng Grill-Véillée zu Eschduerf. De Minister Marco Schank an den Honorarkonsul fir di Moldawesch Republik Michal Wittmann waren deen Owend bei eis.