News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

Wanterweekend Wellefcher Januar 2014

Superhelden Weekend

Vum 4ten bis den 5ten 2014 Januar haten d’Wëllef vun Eschduerf ee Weekend zu Schëmpech.

Thema war „Superhelden“.

 

Et goung drëm, dat d’Cheffen hir Superkräften vum béisen Joker ofgeholl kruten, an d’Kanner missten se erëm fannen. D’Kanner hunn awer mussen oppassen, dass den Joker hinnen net och nach hier Kräften ofhëlt. Duerfir missten si ëmmer eng Mask undinn.

    

 

Den éischten Dag sinn d’Scouten an den verwonnschenen Bësch gaangen, well si do Zutaten fir den Zaubertrank gesammelt hunn. Den Zaubertrank huet nämlech den Cheffen (Flabber, Elastic an Superman) gehollef hir Superkräften erëm ze kréien. Wéi si all Zutaten haten, hunn si owes den Zaubertrank zesummen gebraut an schlussendlech och gedronk. Duerno sinn si an d’Bett gaangen an kruten eng Geschicht erzielt.

Wéi d‘ Cheffen awer fort waren, hunn d‘ Wëllefcher nach bis an d‘ Nuecht eran gebabbelt. Den zweeten Dag huet den Flabber erzielt, dass d‘ Elastic am Schlof schwätzt. Hat hätt gesot, dass hat all Wëllefcher vernichten wärt. Dat komescht war, dass hat duerno opgestanen ass an den Rescht vum Zaubertrank ausgeschott huet. Dunn wollt kenn méi bei d‘ Elastic goen, souguer den Supermann net. D‘ Elastic hat awer och am Schlof erzielt, dass nëmmen een Trank hat als béisen Joker ophalen kann. Dësen Trank ass awer verstoppt.

        

 

Also hunn d’Scouten sech op den Wee gemaach fir en ze sichen. Si hunn festgestallt, dass et net ee ganzen Trank ass, mee vill kleng Behälteren. Dunn ass hinnen kloer ginn, dass si alles mëschen mussen fir dass den Zauber wierken kann.             

Wéi si alles haten, hunn si um Wee fir zréck bei den Chalet iwwerluecht, wéi si den Joker fesselen kéinten. Den Flabber huet den Wëllef ee Seel zur Fënster eraus ginn an domadder hunn si dann d’Elastic gefesselt an him den Trank erangeschott. Duerno war d‘ Elastic erëm bei sech an huet sech bei jidderengem entschëllegt.

            

Alles hat ee gutt Enn.

Lucy Molitor



Wisefest 2013



Grouss Botz 2013


   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved