News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

Friddensliicht 2011

Donneschdes, den 15ten Dezember 2011 ass um 19h00 zu Beetebuerg an der Kierch d’Friddensliichtfeier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, organiséiert vum Grupp Abbé Pierre Beetebuerg.

D’Iddi vun der „Aktion Friedenslicht" geet op eng Initiativ vun der éisterräichescher Televisioun zréck. Den ORF Landesstudio Linz huet fir Chrëschtdag an enger Sendung zu enger Spendenaktioun opgeruff , déi „Licht ins Dunkel" fir bedürfteg Kanner bréngt. Säit 1986 kréien d’Spender als Merci d’Friddensliicht offréiert. „Licht ins Dunkel" kënn Dir bestëmmt och dëst Joer deen Dag viru Chrëschtdag um 3Sat gesinn.

D’Friddensliicht gëtt all Joer vun engem Kand, dat sech besonnesch ëm Behënnerter gekëmmert huet, an der Gebuertsgrott vum Jesus zu Bethlehem ugefaang a mam Fliger op Wien bruecht.

Gläich koumen d‘Organisateuren op de Gedanken déi éisterräichesch Guiden a Scouten ze froen fir bei der Verdeelung vum Friddensliicht ze hëllefen. Si hunn acceptéiert an d’Liicht wäit iwwert hir Landesgrenzen eraus un hir Guiden- a Scoutsfrënn weidergereecht, d’läscht Joer an 28 europäesch Länner.

Zënter 1994 sinn och d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten derbäi.

“Licht verbindet Völker” ass dëst Joer d’Thema vum Friddensliicht. D’Zeremonie fänkt um 19h00 zu Beetebuerg an der Kierch un, wou mir eis duerno an Atelieren opdeelen, fir herno nees zesummenzekommen, a jiddereen säin Friddensliicht dierf mat Heem huelen, an natierlech och kann weiderverschenken. Sief dat an der Famill, am Altersheem, an aneren Poren sengem Grupp, senge Kollegen, an Altersheemer oder Spideeler, Poren, ...

 



Cowboy-Camp Biber Roulljen Juli 2011

 E puer Fotoë vum Cowboyscamp vun de Biber zu Roulljen vum 16-18/07/2011...

 



Wisefest 2011

 

 

E puer Fotoë vum Wisefest 2011 ...

....a villmols merci jidderengem dee matgehollef hat!

 


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved