News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 

8. Generalversammlung, den 8. Juni 2011

De President Marco Schank huet di +- 20 Leit di an d’ Versammlung komm ware begréisst, hien huet d’Chefs félicitéiert fir di gutt Aarbecht déi an de Scoute geleescht ginn ass an de Leit, an och de Gemenge Merci gesot fir d’Ënnerstëtzung déi si de Scoute ginn hunn.

D’Edmée Schank huet dunn de Bilan vun den Aktivitéite vum leschte Joer gemaach an de Programm fir 2011-2012 presentéiert.

Den Dennis Nash huet d’Keess erkläert, hie mengt dass mer an 2-3 Joer de Prêt um Chalet ganz zeréck bezuelt hunn. Mee fir dass et mam Zeréckbezuele klappt, muss och Geld an d’Keess kommen.

D’Martine Stephany huet dowéinst en Opruff un d’Eltere gemaach fir bei deene villen Aktioune vun der ASBL mat unzepaken, fir sou d’Membere vum Comité rsp. d’Chefs ze entlaaschten.

Den Olivier Ludovicy huet all d’Aktivitéiten déi vum Scoutsgrupp gemaach gi sinn opgezielt.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Heischent, de Rob Everling d’Scoute fir hiren Engagement gelueft a gemengt mir hätte wahrscheinlech ee vun deene schéinste Chaleten am Land awer sécher deen deen am héchste leie géif. Hien ass och nach eng Kéier op dee grousse Wëllefcamp Althing 2010 zeréckkomm wou +-1000 Wëllefcher an hir Betreier zu Heischent „gewunnt“ haten an alles wonnerbar geklappt hat.

An dunn gouf et e Pättchen ze drénken an et ass nach laang weider diskutéiert ginn.



Veillée mat de moldawesche Scouten 2011

Vum 26/04 bis den 29/04 war e Grupp vu moldawesche Scouten bei eis op Besuch zu Lëtzebuerg. Si hunn déi Zäit zu Eschduerf bei eisem Chalet campéiert. Et war de Lions vun Wolz deen d'Idee hat fir d'Moldawier ze invitéieren an des Rees och bezuelt huet.
 
Zesumme mat de Moldawesche Scouten, dem Grupp vum Séi an dem Lions Club Grand-Duché Ardennes war Mettwochs, de 27/04 eng Grill-Véillée zu Eschduerf. De Minister Marco Schank an den Honorarkonsul fir di Moldawesch Republik Michal Wittmann waren deen Owend bei eis.
 



7. Generalversammlung, den 20. Mee 2010

Ongeféier eng Doze Leit waren an de Chalet komme fir bei der 7. Generalversammlung vun der ASBL derbäi ze sinn. De President Marco Schank huet d'Leit begréisst an hinnen an de Gemenge Merci gesot fir di Ënnerstëtzung an Hëllefen di d'Guiden a Scouten all Joer kréien. D'Sekretärin Edmée Schank huet un all d'Aktivitéite vum Joer 2009-2010 erënnert an d'Projete fir 2010-2011 virgestallt. Eng méi grouss Saach fir 2011 wäert den 10. Gebuertsdag vum Grupp ginn.

De Keessebericht vum Keessier Dennis Nash war +- d'selwecht wéi 2009. Wann et esou virugeet, dass mer all Joer 8000 EUR op de Prêt zeréckbezuele kennen, mengt den Dennis dass mer a 5 Joer eis Schold bei der Bank ganz rembourséiert hunn. D'Keess war vum Carlo Müller am Tania Wealer nogekuckt ginn, d'Generalversammlung huet dem Keessier d'Décharge ginn.

De Gruppechef Olivier Ludovicy ass di vill Aktivitéiten déi vum Grupp an deenen eenzelne Branche gemaach gi sinn Revue passéiert. Zum Schluss hunn de Leo Rippinger an de Rob Everling nach e puer léif Wieder fonnt fir den Asaz vun de Chefs an der ASBL ze wierdegen. Beim Patt sinn du schonns di nächst Aktivitéite geplangt a virbereed ginn…


 1 2 3 4 5 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved