Den 12. an 13. Mäerz hunn d'Avex ee Weekend um Neihaischen ënnert dem Thema "Mam Oetzi on Tour".
Ee Weekend laang kënne mir ronderëm an am Keltenhaus selwer erliewen, wéi et sech an der Steenzäit esou gelieft huet... Mir bauen Handwierksgeschir, ginn op d'Juegd a kachen an iessen esou wéi virun e puer Dausend Joer.
Méi wëlle mir elo awer nach net verroden...
D'Informatiounsblaat fir de Weekend kënnt dir hei eroflueden. Denkt och drun, är Fiche Médicale auszefëllen a matzebréngen.