13-14/01/2007 WE CaraPio (Erpeldange)
3 CaraPio vum Séi an 1 Chef haten zesumme mat de Leidelenger CaraPio e flotte WE zu Ierpeldeng bei Ettelbréck.
25/03/2007 Jocapi (Eschdorf)
Well eis CaraPio 2006 de Jocapi zu Réimech gewonn haten, hate mir di grouss Éier de Jocapi 2007 zu Eschduerf ze organiséieren. Iwwer 200 CaraPio aus dem ganze Land waren deen Dag op Eschduerf komm. Eis CaraPio hate sech vill Méi gemaach an de Rallye ganz gutt organiséiert. D’ASBL huet och kräfteg mat ugepaakt a sech em de Ravi, de Grill an d’Gedrénks gekëmmert. D’Gewënner vum Jocapi 2007 waren d’CaraPio vu Klierf.
23-25/02/2007 WëllefWE (Medernach)
16 Wëllef an 4 Chefs woren an der Fuesvakanz op e WE zu Miedernach.
31/03-01/04/2007 GruppeWE (Neihaischen)
Zu 40 Wëllef, Avex, CaraPio a Chefs hate mer e GruppeWE um Neihaischen. Samsdes mëttes ass um Keltenhaus geschafft ginn, Samsdes owes war eng Veillée mam Asterix an Obelix. Sonndes moies hate mer e Rallye an der Ëmgéigend vum Neihaischen a Sonndes mëttes e grousst Geländespill. De WE war esou flott dat mer décidéiert hu fir méi oft e GruppeWE ze maachen!
02/04/2007 Éerfierwen (Eschdorf)
D’ASBL huet +- 180 Dozen Ouschtereeër gefierft .
21/04/2007 Grouss Botz (Ënsber)
Wéi all Joer war eise Grupp zu +- 30 Leit mat op der grousser Botz vun der Gemeng Ningsen.
11/05-13/05/2007 WE AvEx (Eschdorf)
12 AvEx an 3 Chefs haten e WE zu Eschduerf am neie Chalet.
17/05/2007 Guidekiermes (Bilsdorf)
Eis CaraPio hu bei der Organisatioun vun der Kiermes zu Bilschdref gehollef an 2 Atelieren organiséiert. Thema vun der Kiermes war 35 Joer Kiermes an 100 Joer Scoutismus.
10/06/2007 Biergcourse Eschdorf
14/06/2007 4. Generalversammlung ASBL (Eschdorf)
22/06/2007 Merscheid
Eise Grupp bedeelegt sech un de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag an der Gemeng Heischent zu Merscheid.
Kulturjoer 2007
An Zesummenaarbecht mam Konschthaus Heischent
6/07/2007 sinn d’Floosser ageweit ginn
3-5/08/2007 Waterart Insenborn
08/07/2007 Kockelscheier
D’Wëllef ginn op d’100 Joerfeier vum Scoutismus en Dag laang op d’Kockelscheier.
13/07 - 23/07/2007 Camp CaraPio (Sibiu)
D’CaraPio gi mat de Leidelenger CaraPio op en internationale Camp op Sibiu a Rumänien.
2/08 - 6/08/2007 Camp AvEx (Luxembourg)
12 Avex gi mat op de Centenaires-camp MOCCA an d’ Péitrus.
4/09 - 9/09/2007 Wëllefcamp (Tutschemillen)
18 Wëllef mat 4 Chefs ware vum 4.9 - 9.9 um Camp op d’Tutschemillen. De Camp stoung ënner dem Thema Gnomen.
15/09/2007 Aweiung Chalet (Eschdorf)
Offiziell Aweiung vum neie Chalet. D’Madame Minister Marie-Josée Jacobs an d’Commissaire générale Martine Picard-Fuchs vun den LGS waren derbäi wéi de Chalet géingt 17.30 Auer ageweit ginn ass. Den Olivier Ludovicy, de Marco Schank, d’Martine Picard an d’Marie-Josée Jacobs hunn eng Ried gehal den Deche Martin Molitor huet de Chalet geseent.
15/09 - 16/09/2007 Wisefest (Eschdorf)
D’Wisefest stoung ënner dem Thema Gebuertsdag (100 Joer Scoutismus). Mëttes waren Atelieren an Trapperkichen, duerno d’Aweiung vum Chalet. Owes war eng Mass an der Wiss hannert dem Chalet wou wéi all Joer vill Leit aus den Dierfer komm sinn. Sonndes gouf et Ham am Kéidëppen. Am Nomëtte war Familjerallye. Mir haten de ganze WE gutt Wieder.
23/09/2007 Chefdag (Clervaux)
Mir waren zu 7 Chefs um Chefdag zu Klierf vertrueden. De Julien Reiners an de Christophe Gravé ware fir d’éischt mat.
5/10 - 6/10/2007 GruppeWE + Montée (Eschdorf)
44 Kanner mat 8 Chefs hun sech de 5/10 getraff fir am Nomëtten d’Montéen vun de Wëllef an d’AvEx a vun den AvEx an d’CaraPio virzebereeden. Owes sinn dunn di verschidde Montéen ofgehal ginn. Sonndes moies ware Brancheversammlungen an dono ass de ganze Grupp zesummen op Eschduerf an d’Mass gaang. Sonndes mëttes war nach e grousst Geländespill organiséiert.
26/11-1/12/2007 Adventskränz
Et sinn 53 Kränz an och Arrangementer gebastelt ginn. Donieft si fir d’éischte Kéier och Chrëschtkaarte gemaach a verkaf ginn.
18/12/2007 Friddensliicht (Wiltz)
D’AvEx waren op Wolz d’Friddensliicht fir eise Grupp sichen.
22/12/2007 Chrëschtvéillée (Eschdorf)
+- 100 Leit waren op eis Chrëschtvéillée an de Chalet komm.