8-9/1/2005 CaraPio WE mam SAFAB (Bilsdorf)
4 Pio ware mam Martine Schannel op Bilschdref op e WE dee vum SAFAB organiséiert war. Et war superflott!
19/03/2005 Eeërfierwen
Den 19. Mäerz huet de Grupp an d’ASBL Ouschtereeër gefierft. Mir hate Bestellunge fir 180 Dozen Eeër!
02/04/2005 Grouss Botz (Insenborn)
Zu 21 Guiden a Scouten hëlleft de Grupp vum Séi op der grousser Botz vun der Gemeng Ningsen.
10/04/2005 JOCAPI (Schifflange)
Eis CaraPio huelen un der nationaler Journée CaraPio deel a gewannen di 2. Plaz.
05/05/2005 Kiermes (Bilsdorf)
D’CaraPio hëllefe bei der Organisatioun vun der Kiermes zu Bilschdref a stellen 2 Atelieren op d’Been.
07-08/05/2005 Jugendforum (Lultzhausen)
5 CaraPio huelen un dem PréparatiounsWE fir de Jugendforum zu Lëlz deel. De Samsden duerno si si zu Wolz op der Presentatioun.
28/05/2005 Marionettentheater (Heiderscheid)
De Grupp an d’ASBL hëllefe beim Marionettefestival zu Heischent.
05/06/2005 Wëllefrallye (Kayl)
D’Wëllef sinn um nationale Wëllefrallye derbäi.
8/6/2005 2. Generalversammlung ASBL (Eschdorf)
De President Marco Schank konnt déi 2. Generalversammlung vun der ASBL Guiden a Scoute St Pirmin vum Séi 20 Leit am Porhaus zu Eschduerf begréissen. A senger Aleedung huet de President all deene Leit Merci gesot déi de Bau vum Chalet mat engem Don ënnerstëtzt hunn. Dobäi ass di enorm Somme vun 37000 EUR nëmmen u privaten Doën erakomm. D'Gemeng Heischent huet de Guiden a Scouten 50000 EUR ginn an d'Gemeng Ningsen nach eng Kéier 10000 EUR. Duerno huet de Marco de Cheftainen a Chefs villmools Merci gesot fir hire groussen Asaz iwwert d'ganz Joer an de Versammlungen, Weekender a Campen.
D'Edmée Schank-Bisdorff huet den Aktivitéitsrapport vun der ASBL vum Joer 2005 gemaach. Den Trésorier Dennis Nash huet d’ Comptabilitéit vum Grupp mat Humor duergestallt.
De Marco Piccini huet aus perséinleche Grënn aus dem Comité vun der ASBL démissionéiert, de President huet him villmools Merci fir seng Aarbecht a seng Hëllef gesot. Nei an de Comité ass de Pit Friedl gewielt ginn.
De Jang Stephany huet di technesch Detailer zum Chalet als Passivhaus ginn.
Zum Ofschloss gouf et e Patt ze drénken,... an di nächst Versammlung wärd dann am Chalet sinn!
13-17/07/2005 CaraPiocamp (Taizé )
D’Magali an den Tom si mat de Leidelenger CaraPio op de Summercamp an d’Bourgogne.
17-26/07/2005 AvEx Camp zu (Pettingen)
7 AvEx an 5 Chefs wore während 10 Deeg zu Pëtten bei Miersch um Camp an Zelter.
12/08/2005 Wësch (Eschdorf)
D’Asbl huet, zesumme mat e puer vun den Elteren +- 80 Wësch gebonnen a verkaf.
5/09-11/09/2005 Wëllefcamp (Dudelange)
12 Wëllef a 4 Chefs haten hire Summercamp am Home Belvedere zu Diddeleng.
17/09/2005 AvEx-Montéel (Ringel)
Montée fir 5 Wëllefcher an d’AvEx (Tessy Brack, Bob Friedl, Caroline Wirtz, Stephany Wealer, Enzo Wolff), d’ Fabiène Lemmer kennt nei bei d’AvEx derbäi.
25/09/2005 Gromperefest (Eschdorf)
Eise Grupp huet beim Gromperefest, organiséiert vun der Entente des Sociétés vun Eschduerf, matgehollef.
25/09/2005 Chefdag (Useldange)
Zu 6 Chefs aus all Branche wore mir um Chefdag vun den LGS zu Useldeng.(Jenny Schank, Michael Gravé, Martine Walisch, Nicole Deltgen, David Baum, Olivier Ludovicy).
1–2/10/2005 Wisefest (Eschdorf)
Samsdes mëttes waren d’Ateliere fir d’Kanner ënner dem Thema Märecher, duerno war eng Mass dobaussen an e Lagerfeier. Sonndes mëttes gouf Fierkel um Spiiss, nom Iesse war de Rallye.
8-9/10/2005 CaraPio-Montée (Eschdorf)
D’CaraPio organiséieren e MontéeWE fir hir „Nei“. Bal all d’CaraPio gi matt fir di 4 „Nei“ opzehuelen: de Julien Reiners, de Kevin Morheng, de Michel Origer an den Andy Wagener kommen nei an d’CaraPio.
15-16/10/2005 JOTA (Eschdorf)
D’AvEx maache mat um JOTA an organiséieren e WE am Parhaus, 8 Kanner a 5 Chefs sinn derbäi.
15-16/10/2005 WE de lancement (Neihaischen)
Jenny, Martine an d’Sara sinn um WE de Lancement vun der Route a ginn d’nächst Joer mat op Campen an de Vietnam (Sara) an an de Niger (Jenny, Martine).
28-30/11/2005 Formatioun Wëllef (Mamer)
D’Jenny mécht de STIP vun de Wëllef zu Mamer.
02-06/11/2005 Formatioun CaraPio (Wiltz)
De Michael an Tom sinn um STIP vun de CaraPio zu Wolz.
21-26/11/2005 Adventskränz (Eschdorf)
Während der Woch vum 21.-26. November sinn all owes Adventskränz gewéckelt a gebastelt ginn. Zum Schluss hate mer 85 Kränz verkaf !
16/12/2005 Chrëschtvéillée (Eschdorf)
Freides owes, den 16.12 hate mer eis traditionell Chreschtvéillée fir d’Guiden a Scouten a hir Famill. De Marco, zesumme mat e puer vun de Chefs, hat eng reliéis Feier preparéiert, dono goufen d’Diae vum lescht Joer gewisen. Zum Schluss gouf et Wierschtchen ze iessen an eppes ze drénken. +-100Leit ware kommen.
21/12/2005 Friddensliicht (Schifflange)
D’CaraPio hunn un der Friddensliichtvéillée zu Schëffleng deelgeholl an d’Friddensliicht mat an eis Géigend bruecht. An de Chrëschtmetten zu Heischent ass d’Friddensliicht un d’Leit verdeelt ginn.
27-29/12/2005 AvEx ChefWE (Niederkolpach)
D’AvEx-Chefs hunn e Wanterhike iwwer 3 Deeg vun Nidderkolpesch bis an d’Fuussekaul gemaach.
28-29/12/2005 WE Wëllef (Mersch)
ChrëschtWE vun de Wëllef zu Miersch. Et woren 12 Wëllef a 5 Chefs mat. De WE wor flott awer ze kuerz.