News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 

Wëscher 2019


 

D‘Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi

maache Wëscher fir Maria Himmelfahrt

a verkaafen se an de Massen

vum 14. a 15. August.
















 



Grouss Botz 2019

 

Mir gi botzen

Den 30. Mäerz treffe mir eis mat Kaffi a Croissant um 8 Auer 30 zu Eschduerf am Scouts-Chalet

Fir de Kascht no der Aarbecht ass gesuergt mat enger Gulaschzopp an Dessert.

Fir déi, déi kee Frënd si vu Fleesch, ass eng Geméiszopp do. Déi Leit wiere gebieden, sech unzemelle per SMS op den 691407944.

 

D’Ëmwelt- a Mobilitéitskommissioun vun der Gemeng Esch-Sauer freet sech iwwer all Hand, déi hëllefe kënnt, fir eis Gemeng propper ze halen.



Reckbleck: Wisefest 2018

 

 

De 7. Oktober haten d’Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi hiert alljäerlecht Wisefest. Mir hunn eist Fest mat enger Mass hannert dem Chalet ugefong. (Foto 1) Mëttes ware wéi gewinnt Spiller an Aktivitéiten fir Grouss a Kleng. D’Thema vun dësem Joer war „Dschungel“.

All Branche huet flott Aktivitéiten zu dësem Thema ugebueden. Sou goufe mat de Biberchefs Déieremaske gebastelt a Gesiichter gemoolt. (Foto 2) D’Wëllef haten eng Schéissbud opgeriicht op där di wëll Déieren (a vläicht och bëssen d’Chefs hannendrun) mat naasse Schwämm ofgeschoss gi sinn.(Foto 3) Bei den Avex huet ee misse säi Gläichgewiicht ënner Beweis stellen fir gutt duerch den Dschungel duerchzekommen. (Foto 4) D’CaraPio haten een Dschungelcamp virbereet mat engem Grujelparcours fir duerchzekrauchen a lauter lecker Saachen fir ze schmaachen an ze taaschten. (Foto 5) An d’RaRo haten ee Kloterparcours gebaut mat Spannennetz (Foto 6) an Tarzanlian. (Foto 7)

Et war also fir jiddereen eppes dobäi. Leider war just d’Wieder grad deen Dag am mannste schéin verglach mat allen Deeg virdrun an dono, mee sou ass dat alt am Dschungelalldag.  (Foto 8 )

 

Fotoen: Nico Berté

Foto 1:

Foto 2:

Foto 3:

Foto 4 :

Foto 5:

Foto 6:

 

Foto 7:

Foto 8:

 

 


 1 2 3 4 5 6 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved