News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 

Anno 2010

 


28/03/2010 JoCaPi zu Sandweiler

D'CaraPio vum Séi ginn di 2. um JoCaPi 2010!


27/03/2010 14.00 Ouschtereeër fierwen am Chalet


BiberWE 13-14.03.2010 zu Eschduerf

D'Photoë vum BiberWE ginn et hei ...


Hei sinn d'Photoë vum MonteesWE zu Wolz


D' Photoë vum Wëllefcherscamp sin do ... an och déi vum Bibercamp


 

De 26. a 27. September ass e Gruppeweekend zu Wolz wou d'Montée gemaach gëtt. De Weekend dauert vu Samsdes 14.00 Auer bis Sonndes 17.00 Auer.

 



Anno 2008

12-13/01/2008 Wanterhike (Lëlz)

8 AvEx an 3 CaraPio hunn en Hike gemaach vun Eschduerf op Lëlz an iwwer de Misärshaff zeréck op Eschduerf. Den Hike war haart awer flott.

1-2.03.2008 HeldeWeekend (Dikrech)

D’Wëllef sinn zu 23 mat 5 Chefs um WE zu Dikrech. Et huet jidderengem gutt gefall!

15.03.2008 Eeërfierwen (Eschduerf)

150 Dozen Ouschtereeër gi gefierft!

19.04.2008 Grouss Botz (Ënsber)

+- 40 Guiden a Scoute vum Séi bedeelege sech wéi all Joer un der Grousser Botz vun der Gemeng Ningsen.


1.05.2008 Kiermes Bilschdref

Eis CaraPio hëllefe nees bei den Atelieren a Spiller op der Kiermes zu Bilschdref.


3.-4.05.2008 Biergcourse (Eschduerf)

Eise Grupp hëlleft zesumme mat de Veräiner vun Eschduerf bei der Biergcourse.


12-14.05.2008 Keltecamp (Neihaischen)

D’Avex sinn zu 11 Kanner mam Julien als Chef um nationale Camp beim Keltenhaus um Neihaischen.


15.06.2008 Wëllefchersrallye (Beggen)

Eis Wëllef sinn zu 19 op de Wëllefchersrallye op Beggen.


25.06.2008 5. Generalversammlung (Eschduerf)

Et waren zesumme mam Comité +- 25 Leit an der Generalversammlung. D’Simone Braas, d’Monique Logtenberg, d’Malou Mathay an d’Francine Fournelle hunn zougesot fir am Comité vun der ASBL ze hëllefen.


12.-13.07.2008 Wisefest (Eschduerf)

108 Leit waren ugemellt, 71 Menue  ware reservéiert. Et gouf Fierkel um Spiiss. De Pit an de Bob Friedl hunn d’Fierkele gegrillt. Et war dat 1. Wisefest am Juli, an deen Datum schéngt gutt ukomm ze sinn. Am grousse ganze war d’Wisefest gutt gelong!


9/08/2008 Nuetsmaart (Esch/Sauer)

Eise Grupp huet e Grillstand um Nuetsmaart zu Esch/Sauer, et waren enorm vill Leit do an de Grill war e grousse Succès.


15/08/2008 Wësch (Eschduerf)

Et sinn iwwer 100 Wësch gebonne ginn an zu Ningsen bei den Amiperas an no de Masse verkaf ginn.


23/08 - 31/08/2008 Gruppecamp (Colmar-Berg)

Dëst Joer hate mer e Gruppecamp zu Colmar-Bierg am Chalet Hirsch an op der Campplaz niewendrun.
D’AvEx haten hire Camp vu Samsdes, dem 23/08 bis Donneschdes, dem 28/08, si waren zu 13 AvEx an 2 Chefs.
D’Wëllef sinn Dënschdes dem 26/08 op de Camp komm a bis Samsdes den 30/08 bliwwen, si waren zu 15 Wëllef a 5 Chefs.
Vu Samsdes (30/08 ) bis Sonndes (31/08 ) sinn dunn d’CaraPio zu 3 derbäi komm. Di meescht Chefs waren dee ganze Camp op der Plaz an hunn och an deenen anere Branche mat ugepaakt. D’Wieder wor gutt, et war fir jiddereen e flotte Camp.


21/09/2008 Chefdag (Miersch)

Mir waren zu 6 Chefs op de Chefdag op Miersch. Hei sinn éischt Kontakter gemaach ginn en vue vun der Créatioun vun enger Biberbranche.


4-5/10/2008 MontéesWE (Bilschdref)

Wéi dat Joer virdrun maache mer eise Montée op engem GruppeWE zu Bilschdref. 5 Kanner maachen d’Montée vun de Wëllef an d’Avex. Mir hunn decidéiert dass keen d’Montée an d’CaraPio maache soll fir d’nächst Joer mat enger méi grousser Équipe nees d’CaraPio nei ze beliewen.


23/10/2008 Grënnung vun de Biber (Eschduerf)

D’Annick Kraus, d’Martine Assa, d’Florence Scheikin an d’Mireille Hinger si vum Gruppechef  dem Olivier Ludovicy gefrot ginn ob si wéilte Chef ginn an eng Biberfamill um Séi grënnen. D’Nadine Wilwert, Bibercommissaire erkläert wéi d’Biber funktionéiren a wat se maachen. Di 4 zukënfteg Chefs engagéiere sech fir 1 Dag un enger Formatioun vun der Biberéquip deelzehuelen a fir am Januar mat der 1. Biberversammlung ze starten. Am Ufank solle just Geschwëster a Kollege vun den aktuelle Guiden a Scoute fir d’Biber gefrot ginn.


24/11-29/11/2008 Adventskränz

Vum 24.11-29.11 sinn Adventskränz gemaach ginn. Et sinn och nees Chrëschtkaarte gebastelt ginn a vun de Wëllef zu Eschduerf verkaf ginn.


18/12/2008 Friddensliicht (Housen)

D’Avex sinn  op d’Fridensliichtfeier derbäi.


19/12/2008 Chrëschtvéillée (Eschduerf)

+- 100 Leit waren op eis Chreschtvéillée komm. De Christophe an de Marco haten eng spirituell Veillée virbereet. Duerno hu mer d’Diaë vum leschte Joer gekuckt, et gouf e Bréitche mat Wierschtchen ze iessen an eppes ze drénken.

 



Anno 2007

 13-14/01/2007 WE CaraPio (Erpeldange)

 3 CaraPio vum Séi an 1 Chef haten zesumme mat de Leidelenger CaraPio e flotte WE zu Ierpeldeng bei Ettelbréck.

 25/03/2007 Jocapi (Eschdorf)

 Well eis CaraPio 2006 de Jocapi zu Réimech gewonn haten, hate mir di grouss Éier de Jocapi 2007 zu Eschduerf ze organiséieren. Iwwer 200 CaraPio aus dem ganze Land waren deen Dag op Eschduerf komm. Eis CaraPio hate sech vill Méi gemaach an de Rallye ganz gutt organiséiert. D’ASBL huet och kräfteg mat ugepaakt a sech em de Ravi, de Grill an d’Gedrénks gekëmmert. D’Gewënner vum Jocapi 2007 waren d’CaraPio vu Klierf.

 23-25/02/2007 WëllefWE (Medernach)

 16 Wëllef an 4 Chefs woren an der Fuesvakanz op e WE zu Miedernach.

 31/03-01/04/2007 GruppeWE (Neihaischen)

 Zu 40 Wëllef, Avex, CaraPio a Chefs hate mer e GruppeWE um Neihaischen. Samsdes mëttes ass um Keltenhaus geschafft ginn, Samsdes owes war eng Veillée mam Asterix an Obelix. Sonndes moies hate mer e Rallye an der Ëmgéigend vum Neihaischen a Sonndes mëttes e grousst Geländespill. De WE war esou flott dat mer décidéiert hu fir méi oft e GruppeWE ze maachen!

 02/04/2007 Éerfierwen (Eschdorf)

 D’ASBL huet +- 180 Dozen Ouschtereeër gefierft .

 21/04/2007 Grouss Botz (Ënsber)

 Wéi all Joer war eise Grupp zu +- 30 Leit mat op der grousser Botz vun der Gemeng Ningsen.

 11/05-13/05/2007 WE AvEx (Eschdorf)

 12 AvEx an 3 Chefs haten e WE zu Eschduerf am neie Chalet.

 17/05/2007 Guidekiermes (Bilsdorf)

 Eis CaraPio hu bei der Organisatioun vun der Kiermes zu Bilschdref gehollef an 2 Atelieren organiséiert. Thema vun der Kiermes war 35 Joer Kiermes an 100 Joer Scoutismus.

 10/06/2007 Biergcourse Eschdorf

 14/06/2007 4. Generalversammlung ASBL (Eschdorf)

 22/06/2007 Merscheid

Eise Grupp bedeelegt sech un de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag an der Gemeng Heischent zu Merscheid.

 Kulturjoer 2007

 An Zesummenaarbecht mam Konschthaus Heischent

     6/07/2007 sinn d’Floosser ageweit ginn

     3-5/08/2007 Waterart Insenborn

 08/07/2007 Kockelscheier

 D’Wëllef ginn op d’100 Joerfeier vum Scoutismus en Dag laang op d’Kockelscheier.

 13/07 - 23/07/2007 Camp CaraPio (Sibiu)

 D’CaraPio gi mat de Leidelenger CaraPio op en internationale Camp op Sibiu a Rumänien.

 2/08 - 6/08/2007 Camp AvEx (Luxembourg)

12 Avex gi mat op  de Centenaires-camp MOCCA an d’ Péitrus.

 4/09 - 9/09/2007 Wëllefcamp (Tutschemillen)

 18 Wëllef mat 4 Chefs ware vum 4.9 - 9.9 um Camp op d’Tutschemillen. De Camp stoung ënner dem Thema Gnomen.

 15/09/2007 Aweiung Chalet (Eschdorf)

 Offiziell Aweiung vum neie Chalet. D’Madame Minister Marie-Josée Jacobs an d’Commissaire générale Martine Picard-Fuchs vun den LGS waren derbäi wéi de Chalet géingt 17.30 Auer ageweit ginn ass. Den Olivier Ludovicy, de Marco Schank, d’Martine Picard an d’Marie-Josée Jacobs hunn eng Ried gehal den Deche Martin Molitor huet de Chalet geseent.

 15/09 - 16/09/2007 Wisefest (Eschdorf)

 D’Wisefest stoung ënner dem Thema Gebuertsdag (100 Joer Scoutismus). Mëttes waren Atelieren an Trapperkichen, duerno d’Aweiung vum Chalet. Owes war eng Mass an der Wiss hannert dem Chalet wou wéi all Joer vill Leit aus den Dierfer komm sinn. Sonndes gouf et Ham am Kéidëppen. Am Nomëtte war Familjerallye. Mir haten de ganze WE gutt Wieder.

 23/09/2007 Chefdag (Clervaux)

 Mir waren zu 7 Chefs um Chefdag zu Klierf vertrueden. De Julien Reiners an de Christophe Gravé ware fir d’éischt mat.

 5/10 - 6/10/2007 GruppeWE + Montée (Eschdorf)

 44 Kanner mat 8 Chefs hun sech de 5/10 getraff fir am Nomëtten d’Montéen vun de Wëllef an d’AvEx a vun den AvEx an d’CaraPio virzebereeden. Owes sinn dunn di verschidde Montéen ofgehal ginn. Sonndes moies ware Brancheversammlungen an dono ass de ganze Grupp zesummen op Eschduerf an d’Mass gaang. Sonndes mëttes war nach e grousst Geländespill organiséiert.

 26/11-1/12/2007 Adventskränz

 Et sinn 53 Kränz an och Arrangementer gebastelt ginn. Donieft si fir d’éischte Kéier och Chrëschtkaarte gemaach a verkaf ginn.

        

 18/12/2007 Friddensliicht (Wiltz)

 D’AvEx waren op Wolz d’Friddensliicht fir eise Grupp sichen.

 22/12/2007 Chrëschtvéillée (Eschdorf)

+- 100 Leit waren op eis Chrëschtvéillée an de Chalet komm.


 1 2 3 4 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved